Häerzlech wëllkomm am Déidenaker



Wann d'Kanner net méi wëssen wou hiert Eessen hirkënnt an déi Erwuessen den Doft vu frëschem Hee vermëssen, spéidstens dann gëtt et Zäit fir bei eis ze kommen.


Eise Bauerenhaff gëtt a 6. Generatioun als Familljebetrib bewirtschaft. Mëllechkéi, Nozuucht, Bongerten an eng Brennerei gehéieren zu eisem Haff. Nieft der Produktioun vu gesonde Liewensmëttel wëlle mir de Leit d'Landwirtschaft erëm méi no bréngen. Mat +- 40 ha gehéiert Diedenacker zu de klengere Landwirtschaftsbetriber a bidt dohier en idealt an natierlecht Ëmfeld fir Kanner an och Erwuessener. Eisen Haff ass "barrierefrei" an oppen fir Mënschen mat Behënnerungen.